Moulin J.P. Dieschbourg S.à r.l.

Lauterborn-Halte | L-6562 Echternach

Tel.: +352 72 00 36 | www.moulin-dieschbourg.lu contact@moulin-dieschbourg.lu

©

Will Kreutz

Maison 1 I L-9368 Folkendange

Tel.: +352 691 29 33 33

www.atypical.lu I will@atypical.lu

Produzéiert a Zesummenarbescht mat Atypical s.à r. l., Will Kreutz an Moulin J.P. Dieschbourg s.à r. l.

Well mir ons Emwelt respektéieren, gin all ons Kaffistuten mat 100% biologesch ôfbaubarem Kraftpabeier, an ganz ouni Alu-Beschichtung, produzéiert.

Back
Pics Certificaten Impressum Stee
Bestellformular
BIO Duusse Goût BIO Voller Kraaft BIO Espresso Material
NEI! Wou Wat Wen
Katalog
Genoss Pur

De Numm Will Kreutz dierft eigentlech jidderengem en Begrëff sinn, wann et ëm originell Kreatioune geet, déi ausser der üblecher Rei leien. Virun e puer Méint huet de Kreativdirektor säi „Roude Léiw Bounekaffi“ mat groussem Succès op de Maart bruecht.

 

Elo huet hien de Konzept weiderdeklinéiert an de Produit relaunched:

De „Roude Léiw Bounekaffi“ ass elo 100% bio!

 

Firwat Bio beim Kaffi? Beim Ubau vu Bio-Kaffi geet et virun allem ëm Nohaltegkeet,

de Produit soll déi natierlech Ressourcen schützen an ëmeltverträglech sinn.

Et gi streng Kritäre fir den ökologeschen Ubau, sou dass de Konsument een

top Bio-Kaffi kritt.

 

Wat sinn déi Kritären: Den Asaz vu Gentechnik ass verbueden.

Et däerfe keng chemesch-synthetesch Planzeschutzmëttelen agesat ginn.

Et gëtt op mineralesche Stickstoffdünger verzicht. Déi natierlech Ressourcen (Buedem, Waasser a Loft) gi geschützt.

 

Bio-Kaffi gëtt méi duuss geréischtert wéi normale Kaffi. Doduerch gi manner Batterstoffer, Säiren an dat schiedlecht Acrylamid fräigesat. De Goût vum Kaffi ass méi duuss.

Fir seng Iddi ze realiséieren, zu Lëtzebuerg een 100% Bio-Kaffi ze maachen,

huet de Will Kreutz sech ee staarke Partner ausgesicht:

 

D’Firma „Moulin J.P. Dieschbourg“ ass een al agesiessent Haus, dat schonn zanter 1897 déi beschtméiglech Qualitéit liwwert.

 

An hirer Millen um Lauterbur bei Iechternach verschafft d’Famill Dieschbourg regionalt

a Bio-Miel a réischtert Qualitéits-Kaffien aus der ganzer Welt. Hei gi qualitativ

héichwäerteg Kaffisbounen an engem schounende Verfuere geréischtert, sou dass een excellente Kaffisgenoss garantéiert ass. De Betrib ass zanter 2004 Bio- an Demeter-zertifiéiert. Aus all deene Grënn ass d’Dieschbourger Millen den ideale Partner fir de „Roude Léiw Bounekaffi“ 100% bio.

 

Mat sengem duussen an awer volle Goût, senger uspriechender Verpakung a sengem typeschen onverwiesselbare Léiwe-Logo huet déi nei Bio-Produktgamme nees

all Chancen ee Renner a „must have“ ze ginn, an zwar net nëmmen bei de Lëtzebuerger Kaffisgenéisser, mee och iwwer d’Grenzen eraus.

Roude Léiw Bounekaffi ab mëtt november 100% BIO + Fairtraide MAde in luxembourg